Op den Inhalt sprangen

Haaptsäit

Vu Wikipedia
Wikipedia

Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!

Am Moment gëtt et 67.580 Artikelen an 117 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.

Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!

Wousst Dir schonn, datt…

  • Luxembourgit e Mineral ass, dat zu Lëtzebuerg entdeckt gouf?
  • … de Bernard Molitor (1755-1833) e lëtzebuergesche Konschtschräiner war, dee sech zu Paräis en Numm gemaach hat, an zäitweileg Fournisseur de la Cour impériale war?
  • … en Dag op der Venus méi laang dauert wéi e Venus-Joer? Se brauch knapps 225 Äerd-Deeg fir en Ëmlaf ëm d'Sonn, mä hirer 243 fir eng Rotatioun ëm hir eegen Achs.
  • … de Paul Lauterbur (1929-2007), Nobelpräisdréier fir Medezin 2003, lëtzebuergesch Urgrousselteren hat?

Artikel vun der Woch

Bissau ass d'Haaptstad vum westafrikanesche Land Guinea-Bissau a vun der autonomer Regioun Bissau. 2007 goufen eppes iwwer 400.000 Awunner gezielt. Et ass déi gréisst Stad am Land an och de gréissten Hafen an den administrativen a militäreschen Zentrum vu Guinea-Bissau.

Bissau läit direkt op der Atlantikküst, virum Bissagos-Archipel um Delta vum Rio Geba. Et gouf 1687 vun de Portugisen als befestegten Hafen a regionalen Handelszentrum gegrënnt. 1942 ass d'Stad dunn och no Bolama déi nei Haaptstad vu Portugisesch-Guinea ginn.

Wärend dem Biergerkrich (1998-1999) goufe vill Haiser zu Bissau zerstéiert, ënner anerem de Presidentepalais an de franséische Kulturzentrum, dee mëttlerweil erëm opgebaut gouf. Trotzdeem ass de Stadkär nach ëmmer ënnerentwéckelt. Am Zentrum ass d'Plaz vun den Nationalhelden (Praça dos Herois Nacionais), ronderëm stinn déi meescht Ministèren a Banken, d'Klinik Simão Mendes (déi gréisst am Land), d'Geriicht, de Kierfecht an den nationale Stadion Estádio Lino Correia, an deem Plaz fir 12.000 Leit ass... > méi

Aner Artikele vun der Woch

Op engem 28. Juli

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Antonio Vivaldi
Antonio Vivaldi
Méi iwwer: … den 28. Juli… soss en Dag2026

Kierzlech Verstuerwen

Sam Neill
Sam Neill

Éischter am Joer - änneren

E Bléck op…

… e Sekretär (Sagittarius serpentarius).

Aner Wikimediaprojeten

Meta-WikiMeta-Wiki– Koordinatioun CommonsCommons– Medien WiktionaryWiktionnaire – Dictionnaire WikibooksWikibooks – Léierbicher WikiquoteWikiquote – Zitater WikiversityWikiversity – Léierplattform WikisourceWikisource – Quellen WikinewsWikinews – Noriichten WikidataWikidata – Wëssensdatebank WikivoyageWikivoyage – Reesguiden MediaWikiMediaWiki – MediaWiki-Software WikispeciesWikispecies – Datebank fir Liewewiesen WikifunctionsWikifunctions – Funktiounsbibliothéik